Mersch75_FE - HB Käerjeng 2
https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=1785351
Hei war elo deen 2t Match wou mir dem Réckstand wärend 37 ' hannen drun gelaaf sinn. dat war awer scho besser ewéi géint Réiden wou et 50' waren. Bei deem heite Géigner deen eis definitiv net ze leie schéngt hu mir alt erëm vun Ufank un et net fäerdeg bruecht 100% Geleeënheeten auszenotzen soudatt de Géigner ëmmer erëm dovunner konnt profitéieren fir eis op Distanz ze halen (20' mat enger Differenz vun 3 Goaler. Bewonnerenswäert ass dat mir ni opginn hunn an och net panikéiert hunn. Hallschent 14:13. Duerno ass et besser gaangen bis zur 37' wou mir eben endlech konnte virkommen. Eise Probleem leit definitiv an der Verdeedegung wou mir immens Schwieregkeeten hunn wann eis Géigner 1-2 Spillerinnen hunn déi bei hinner ervirstiechen. Déi maachen wat se wëllen. Kuerz Kierpertäuschungen a scho sinn se laanscht an et ass keent vun eis do deen deen Duerchbroch mat ofséchert. Dat selwecht ass beim schéissen vu wäitem wou och keen zoustänneg ass fir déi Schëss ofzeblocken. Do musse mir mol nach schaffen an der Verdeedegung fir eis do kënnen ze verbesseren. Nicht desto trotz.. 2 Punkte mat op Miersch geholl. Mir hunn et gepackt an nach eng Kéier.. RESPEKT!
Nach eppes zum Match et huet jiddwereent vun Iech opmanzt 1 Goal geschoss bis op Nadine wat ech net asetze konnt ech awer gemengt hat dat hätt kéinten an deem heite Match méiglech sinn. Dir musst onbedéngt är Chancen besser era kréien. Et kann net sinn datt ech doduerch praktesch gezwonge sinn eis nei Spillerinnen net kann asetzen Mir sinn eng Ekipp wou verschidde Niveau’en sinn an u sech huet jiddereen d’Recht ze spillen. Et muss een och bedenken dat mir duerch Krankheet, Blessuren an Op’en oder Vakanz mir eemol net genuch Leit hunn fir op de Match ze goen an wat nach ass a vill méi wichteg et ass jo kee vun Iech deen 60 Minutten op der Bänk wëll sëtzen fir dem Match no ze kucken well dat esou vill Freed mëscht.. an zu gudder Läscht.. op der Bänk gesäit een Feeler vun deenen Aneren awer et huet een net emol Méiglechkeet duerch säin perséinlechen Asaz zum Spill eppes bäizesteieren.
A mir solle frou a stolz drop sinn wann mir nei Membere an eise Veräin kréien nëmmen esou steiere mir eppes dozou bäi intern a no Baussen ze weisen datt mir eng grouss Famill wëlle sinn.
Ps: Rout Kaart! War berechtegt.. Leider ass et nach ëmmer esou dat mir bei änlechen oder selwechte "Vergehen" vum Géigner déi Selwecht Strofen wéi bei eis, NET kréien. Egal wien do päift. An dat schonns Joere laang. Bei den Hären wéi bei den Fraen. Mä bon do musse mir doduerch.