Mersch75_FE - HC Atert Réiden

14. Jan. 2023, um 17.00 Uhr
HC Atert Réiden - Mersch75_FE
17:00 - 00:00 Samstag 14. Jan
30
:
26
HC Atert Redange - Mersch75_FE 26 - 30

Och wann et ee laangen Text ass, liest en wann ech gelift!!

 

Ech hu mir déi 2 Matcher  Bieles -Standard an Réiden- M75_Fe elo ugekuckt, an ech sinn e bëssen Iwwerrascht, negativ ...leider. 

Ënnerscheed ass, eis Vitesse am Spill ass licht besser. Fir de Rescht ... dat wat ech priedegen am Training, an a virun de Matcher.. gëtt einfach net gemaach. Mir hu KENG AGGRESSIV 0-6 Verdeedegung, de Géigner kënnt mat engem MINIMUM un Effort zu einfachen Golschëss. Wësst dir iwwerhaapt waat eng aggressiv 0-6 Verteidegung ass? Do sinn ech mir net méi sécher, villäicht sinn déi Saachen net bekannt bei verschiddener vun Iech. 

Och wa mir manner technesch Feeler wéi eis Axa League Konkurrentinnen maachen... et sinn der awer nach ze vill do. Eis Passspill ass vill ze lues. 

Um Training wëll ech deemnächst nëmmen anstänneg Päss gesinn also KENG 3m Banannepäss an och KENG 3m Päss déi iwwert de Kapp kommen oder bei d'Féiss...  ech wëll och NET méi gesinn, dass Bäll bei Päss, net richteg gefaange ginn, dofir spillt dir all ze vill laang!!!. gräift nom Ball deen op Iech duer kënnt a fänkt en net einfach op.

Leider ginn och nach ze vill Bäll einfach op de Goal gehäit... an net geworf, an dat nach MEESCHTENS OUNI Virbereedung. Trotz dem wéinegen Training, maache mir awer manner "Sto-Handball", mir beweegen eis vill méi zum Goal wéi Ufanks der Saison, awer bei wäitem net genuch an ze lues. 

Komesch ass och datt mir nach ëmmer 20 Minutte brauchen fir an de Match ze kommen, Ursaach??? An Zukunft këmmert sech d'Anne fir den Opwiermtraining!!, a mir schaffe konsequent um TR un eiser Konditioun.

 

Ech weess, ech sinn deen wou gären nächst Saison an der AXA League mat Iech wëllt spillen, dir kennt d'Ursaachen. 

Verschiddener vun Iech soen mir och dat daat net onbedéngt gutt wier, well dir fäert, héich ze verléieren... mee dat wat ech hei uewendriwwer geschriwwen hunn sinn d'Ursaachen dovunner.. 

 

Natierlech kënnt nach dobäi dat mir just Méindes zu vill sinn a Freides keent sech wëll Zäit huelen, ausser déi üblech "3-5 Verdächteger". 

Dir muss awer och bedenken datt verschiddener vun Iech Schichte schaffen an dacks bis 1900 Auer op der Aarbecht sidd. 

Wëll och bemierken datt dat gewosst war vun Ufank un an datt et och schwéier wäert sinn dat ze änneren

 

Ech kéint de Basket och Freides froen fir Trainingsstonnen ze wiesselen ..   FR-Tr vun 20h30 -22:00 zB

 

Et sinn esouvill organisatoresch a perséinlech Probleemer ze iwwerwannen fir dat Ganzt an déi richteg Bunnen ze lenken, zemools well och déi mannst op de Krounebierg wëllen trainéiere goen.. Stépsallergien, Buedem.. 

Sou oder esou, Axa League spillen MUSS eist Ziel sinn, an do mat Wëllen ee gutt Spill ofzeliwweren, och. 

 

Et kann een an engem Ekippesport wéi dem Handball dach net scho verluer op den Terrain goen. Eis Motivatioun MUSS sinn all Match eist Bescht ze ginn, mat FREED op ALL Match géint ALL Géigner wëllen ze spillen. Et dierf NET als Strof empfonnt ginn, wann ee géint den HBD oder géint Käerjeng, RedBoys a Chev spillt, mee als eng éier (EHRE op Däitsch)  fir sech selwer, datt mir an enger Ekipp dierfe spillen fir géint esou Géigner eisen Asaz ze weisen, an dofir soll een trainéieren. 

Kuckt déi Escher Ekipp... déi hunn et och fäerdeg bruecht.. ech weess, den Heng ass dee besseren Trainer, mee wann een deem och net nolauschtert, kënnt deen och net méi weit ewéi deen, wou Iech trainéiert... 

Wann ee wëllt weider kommen da muss ee méi maachen. Wann et net méiglech ass fir 2 x op den TR ze kommen, da muss een am Beschten an de Fitnessstudio an der Woch goen, et muss een u sech schaffen. Dir hutt Potenzial, MAACHT DAAT!  

JUST DO IT , mat dee Beschte Slogan deen et gëtt, muss een et just an de Kapp setzen. Ech weess aus eegener Erfarung, dat ass schwéier, dee Sauhond (innerer Schweinehund) an engem, muss iwwerwonne ginn!!

 

"Einen hab ich noch"

Versicht méi Teambuilding wéi daat wat e Freideg wa, weider ze maachen, awer net op den Tr-Deeg. Dat Laachen an de Spaass musse mir zesummen erliewen, zb nom Match kuerz zesummen een ze drénken an der Buvette!!!  NET an der Dusch.

 

Mir musse Presenz no Bausse weisen, weist dat mir eng Ekipp sinn, Zuschauer an de Géigner sollen dat gesinn an mir sollen daat fillen. De Match dauert 3 Stonnen, maacht 3,5-4 Stonnen dorausser, huelt är Kanner an äre Partner mat op Matcher souvill et geet, si sollen och en Deel vun ärem Sport an eisem Veräin sinn!! 

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=1802471

Video: 

7435

Bereit loszulegen?

Erforsche SportMember oder erstelle dir gleich ein Konto und beginne damit, deinen Verein einzurichten. Falls du Fragen haben solltest oder Hilfe brauchst, steht dir unser Support gerne zur Seite.
Was kostet es?
Welches Paket braucht euer Verein? Basic oder PRO?
Preise
Funktionsübersicht
Keine zwei Vereine sind gleich - unsere Vereinssoftware passt zu jedem
Funktionsübersicht